De Summer ass voll am Gaang, a wat gëtt et Besseres wéi eng Ofkillung? An dat och nach a Form vun enger Glace!
Hei ass e super einfacht mee leckert Rezept fir eis kleng a grouss Glacë Liibhaber.
Dir braucht eng Waassermeloun, e puer Schokodropsen an e Mixer
- Am beschten all d’ Kären aus der Meloun eraushuelen. (Ech weess déi ësst ee mat, mee wann se bis püréiert sinn, schmaachen se nët sou gutt)
- Des Stécker 1 Stonn an den Tiefkühler leeën dass se scho liicht ugefruer sinn.
- D’Melounstécker mam Stabmixer püréieren, an se a kleng Glaceförmercher fëllen.
- Fir dass et dono ausgesäit als hätt se Kären e puer Schokodrops an Dëppchen dobäi maachen, a fir puer Stonnen an de Freezer….
Hmmmmm
Wien wëll kann och nach Kokosmëllech an püréierte Kiwi drop schichten, dann gesäit et aus wei e richtegt Stéck Waassermeloun.
Loost Iech se gutt schmaachen!