Halli, Hallo,
Mir sichen nach fläisseg Hänn, déi eis hëllefen eisen Chrëschtbeemchen ze dekoréieren. Dréckt einfach dës A4 Virlag aus an dekoréiert eis eng schéi Bull an e Stär a kommt am Duerfbuttek laanscht fir se an d’Fënster ze hänken.
Dat gesäit bestëmmt herno mega flott aus. Mir freeën eis op eng wonnerschéi Fënster.
Am Viraus schonn e ganz grousse Merci un all di kléng a méi grouss Kënschtler!