Ee grousse Merci un déi super Equipe, déi e Samschdeg dës schnuckeleg Engelcher gebitzt huet.
Aus enger klenger Iddi ass eppes richteg Flottes entstanen, a mir hunn zesumme mat e puer Bewunner aus dem Institut St Joseph vu Betzder a mat super motivéierte Benevolen e Bitzdag ageluecht. Eraus koumen dës flott an individuell Engelcher, déi aus de gewiefte Stëfter vun den therapeuteschen Ateliere vu Betzder gemaach gi sinn.
Ech sinn immens frou an dankbar, dass dësen Dag méiglech war a mir sinn um plange fir Bitze mat Häerz di 3 🙂
Äert Lynn aus dem Duerftreff