Eemol d’Woch mëttwochs war vun 13.30 bis 17.00 Auer am Duerfbuttek de Lis Café. Soubal d’Covid-Situatioun et erëm zouléisst, fuere mir gäre mat dëser flotter Traditioun virun.
“A wat ass dat dann?” gi mir oft gefrot.
Mëttwochs verwandelt den Duerfbuttek sech an engem klengen Eck zu enger gemälleger Plaz wou jidderee wëllkomm ass, e Kaffi, e Waasser oder e gutt Stéck Kuch oder Dessert aus der Betzder Kichen ze genéissen. Eleng oder mat Famill, Frënn oder Bekannten, zéckt net a besicht eis.
Mir freeën eis op jidder eenzelen deen eraluusst, an hunn och d’Iddi gehat, datt mir ouni feste Präis fueren. Mir hunn e Leemfräsch do stoen, deen sech iwwer e klengen Don freet. Esou ka jiddereen deelhuelen, a kann dono dat an de Fräsch leeë, wat et him wäert ass. Eis geet et ëm d’Wäertschätze vun der Saach an net ëm de Profit. Soulaang mir dat an enger gudder Balance halen, wäerte mir eis nach op vill Lis Caféë freeë kënnen.